Rezepter

Wëllkärpangescher

Wëllkärpangescher

  • Fir ca. 4 Persounen

 

Zutaten

  • 250 g Wëllkärmiel (Buchweizenmehl)
  • 2 Eeër
  • Ca. 400–500 ml Mëllech
  • E bësse Salz
  • Fett oder Botter fir ze baken

 

Zoubereedung

  • Wëllkärmiel an eng Schossel ginn.
  • Salz dobäifügen.
  • Eeër derbäiginn.
  • No an no Mëllech ënnerréieren.
  • Zu engem glaten, flëssegen Deeg verréieren.
  • De Deeg soll e bëssen méi déck si wéi Crêpesdeeg, mee méi dënn wéi Kniddelsdeeg.
  • Deeg 10–15 Minutten raschte loossen.
  • Paann erhëtzen.
  • Fett oder Botter derbäiginn.
  • Deeg kelleweis an d’Paann ginn.
  • Vun béide Säite gëllen ubaken.

 

Zerwéieren

  • Wëllkärpangescher kann ee op folgend Manéieren iessen:
  • Salzeg:
    • Mat Speck a Rahm
    • Mat Geméis oder Zopp
    • Mat Kéis
  • Séiss:
    • Mat Äppelkompott
    • Mat Hunneg oder Gebeess

< Zeréck