Eise Familljebetrib

Déi ganz Famill Miller-Mariany péckt aus Leidenschaft an Iwwerzeegung eng Hand mat u fir all d’Aarbecht ze meeschteren déi esou um Haff ufält . Säit Mee 2016 ass de Bauerebetrib op Bio ëmgestallt a spezialiséiert sech op Akerbau, Hénger a Mammekouhaltung.
Op ronn 40 ha gi Kléigras, Spelz, Fruucht, Summermengkären a Braugeescht ugebaut. 60 Limousin-Kéi mat Nozuucht an 20 Schof mat Lämmer liewen op ronn 70 ha Gréngfläch. Ausserdeem fëllen 4.000 Hénger déi 2 Ställ mat Liewen.
Nieft de Bioprodukter vun Eeër, Kären a Fleesch, bitt Miller-Mariany lo och verschidde Bio-Moschter un. De Moschter huet et der Famill richteg ugedoen a si këmmeren sech integral vum Ubau vun de Kären um Feld, iwwer d‘Veraarbechtung mat Virmaischen a Muelen, bis op d‘Offëllen an d’Glieser ëm hire Bio-Moschter.

Esou entstinn duerch d‘Léift zur Natur an de Virwëtz fir nei Weeër ganz frësch Bio-Liewensmëttel mat kuerzem Transportwee bis bei de Konsument.

Mir si Membere vun: