Eise Familljebetrib

Déi ganz Famill Miller-Mariany péckt aus Leidenschaft an Iwwerzeegung eng Hand mat u fir all d’Aarbecht ze meeschteren déi esou um Haff ufält . Säit Mee 2016 ass de Bauerebetrib op Bio ëmgestallt a spezialiséiert sech op Akerbau, Hénger a Mammekouhaltung.
Op ronn 40 ha gi Kléigras, Spelz, Fruucht, Summermengkären a Braugeescht ugebaut. 60 Limousin-Kéi mat Nozuucht an 20 Schof mat Lämmer liewen op ronn 70 ha Gréngfläch. Ausserdeem fëllen 4.000 Hénger déi 2 Ställ mat Liewen.
Nieft de Bioprodukter vun Eeër, Kären a Fleesch, bitt Miller-Mariany lo och verschidde Bio-Moschter un. De Moschter huet et der Famill richteg ugedoen a si këmmeren sech integral vum Ubau vun de Kären um Feld, iwwer d‘Veraarbechtung mat Virmaischen a Muelen, bis op d‘Offëllen an d’Glieser ëm hire Bio-Moschter.

Esou entstinn duerch d‘Léift zur Natur an de Virwëtz fir nei Weeër ganz frësch Bio-Liewensmëttel mat kuerzem Transportwee bis bei de Konsument.

Mir si Membere vun:



Aktualitéit



Eis Produkter

Bestellt direkt bei eis vum Haff oder iwwert eis Kontaktformular. Eis frësch Wuer gëtt éierlech a regional produzéiert.
Villmools Merci fir Äert Vertrauen an ee gudden Appetit!

Eis Moschterprodukter
Eis Moschterprodukter

Vu Kichemoschter, iwwer schaarfe Moschter bis hin zu Kräidermoschter fannt dir bei eis alles, no wat Äert Moschterhäerz verlaangt. All eis Moschterzorte ginn aus renge Bio-Bestanddeeler gefaerdegt a kal gemuele, fir all déi ätheresch Ueleger an natierlech Inhaltstoffer ze erhalen. Mir gi keng Aromastoffer, Faarwstoffer, Geschmacksverstärker oder Séissstoffer  bäi, mee bei eis schmaacht Dir dat 100% natierlecht Produkt.

> Oplëschtung vun eise Produkter
Eis Zoppenhongprodukter
Eis Zoppenhongprodukter

Mat guddem Gewësse kënnt Dir des Produite kafen a verschaffen, well des Zoppenhénger hiert Liewen iwwer d’Dagesliicht gesinn hunn an op  der Weed fräi konnte lafen. Frësch Eeër, eng gutt Héngerbritt, eng liicht Bolognaisezooss gemaach aus Héngerfleesch, eng traditionell Paschtéitchen oder en Zoppenhong fir d’Kachen an Ärer eegener Kichen, alles dëst, kënne mir Iech ubidde fir Ären Honger ze stëllen.

> Oplëschtung vun eise Produkter
Eis Rëndsfleeschprodukter
Eis Rëndsfleeschprodukter

Eist Qualitéits-Rëndsfleesch aus biologescher Zuucht kënnt Dir a ville Geschäfter zu Lëtzebuerg fannen. Ënnert de Labelen “Biomaufel” an “Bio Green Beef” gëtt d’Wuer vun der IVLB (Interessegemeinschaft Vermarktung Lëtzeburger Biofleesch a.s.b.l ) vermaart an ënner anerem am Naturata, bei der Boucherie Niessen an am Cactus ugebueden. Bei groussen Quantitéiten (ab 1/4 Rand) kënnt Dir Iech awer och gären un eis riichten a mir bidden Iech dann d’Méiglechkeet Äert Fleesch direkt vun eis ze bezeihen.

> Oplëschtung vun eise Produkter


Galerie



Kontakt

    Dir hutt eng Fro un eis?
    Schreift eis äert Uleies a mir äntweren Iech esou séier wéi méiglech!
    Dir fannt méi Informatiounen an der Dateschutzerklärung.

    BIOHAFF MILLER-MARIANY

    15, op der Tomm
    L-9351 Baastenduerf

    T. (00352) 621 79 33 80


    Deel et mat der
    Welt !!