Rezepter

Brout

Brout – Basisrezept

  • Fir 1 Brout

 

Zutaten

  • 1 kg Miel
  • 1 gestrachenen Iessläffel Salz
  • 650–700 ml Waasser (je no Mielzort)
  • 1/4 Pak frësch Hief

 

Zoubereedung

Deeg preparéieren

  • Miel an eng grouss Schossel ginn.
  • Salz ënner d’Miel mëschen.
  • Hief am lauwarme Waasser opléisen.
  • Waasser no an no bei d’Miel ginn.
  • Zu engem mëllen, glaaten Deeg knieden.
  • De Deeg soll elastesch sinn, net ze dréchen.
  • Deeg ofdecken a goe loossen.
  • Am beschten owes den Deeg preparéieren an iwwer Nuecht an de Frigo stellen.

 

Déi laang, kal Gär

  • Verbessert de Goût.
  • Mécht d’Brout besser bekömmlech.
  • Gëtt eng schéin Struktur.

 

Den anere Moien

  • Deeg aus dem Frigo huelen.
  • Net méi knieden, mee e puer Mol faalen, fir d’Loftblosen erauszehuelen a fir Spannung ze ginn.
  • Zu engem Brout formen.
  • Gossendëppen mat Deckel an den Uewen stellen.
  • Den Uewen op 250 °C virheizen.
  • Wann den Uewen waarm ass, d’Brout an de waarmen Dëppe leeën.
  • Deckel zoumaachen.
  • Bei 250 °C ca. 50 Minutte baken.

 

Déi lescht 10 Minutten

  • Deckel ewechhuelen.
  • Temperatur op 220 °C reduzéieren.
  • Dat suergt fir eng knuspereg Krust.

 

Tipp

  • D’Brout ass fäerdeg, wann et huel kléngt, wann een drop klappt.
  • No dem Baken op engem Gitter ofkille loossen.

 

Varianten

  • Weessbrout
  • Dinkelbrout
  • Weess/Dinkel-Mëschung
  • Weess/Kar-Mëschung
  • D’Waassermengt no Gefill upassen.

< Zeréck