Rezepter
Brout
Brout – Basisrezept
- Fir 1 Brout
Zutaten
- 1 kg Miel
- 1 gestrachenen Iessläffel Salz
- 650–700 ml Waasser (je no Mielzort)
- 1/4 Pak frësch Hief
Zoubereedung
Deeg preparéieren
- Miel an eng grouss Schossel ginn.
- Salz ënner d’Miel mëschen.
- Hief am lauwarme Waasser opléisen.
- Waasser no an no bei d’Miel ginn.
- Zu engem mëllen, glaaten Deeg knieden.
- De Deeg soll elastesch sinn, net ze dréchen.
- Deeg ofdecken a goe loossen.
- Am beschten owes den Deeg preparéieren an iwwer Nuecht an de Frigo stellen.
Déi laang, kal Gär
- Verbessert de Goût.
- Mécht d’Brout besser bekömmlech.
- Gëtt eng schéin Struktur.
Den anere Moien
- Deeg aus dem Frigo huelen.
- Net méi knieden, mee e puer Mol faalen, fir d’Loftblosen erauszehuelen a fir Spannung ze ginn.
- Zu engem Brout formen.
- Gossendëppen mat Deckel an den Uewen stellen.
- Den Uewen op 250 °C virheizen.
- Wann den Uewen waarm ass, d’Brout an de waarmen Dëppe leeën.
- Deckel zoumaachen.
- Bei 250 °C ca. 50 Minutte baken.
Déi lescht 10 Minutten
- Deckel ewechhuelen.
- Temperatur op 220 °C reduzéieren.
- Dat suergt fir eng knuspereg Krust.
Tipp
- D’Brout ass fäerdeg, wann et huel kléngt, wann een drop klappt.
- No dem Baken op engem Gitter ofkille loossen.
Varianten
- Weessbrout
- Dinkelbrout
- Weess/Dinkel-Mëschung
- Weess/Kar-Mëschung
- D’Waassermengt no Gefill upassen.



