Rezepter

Traditionell Kniddelen

Traditionell „Kniddelen“ mat Vollkornweessmiel

  • Fir ca. 4–6 Persounen

 

Zutaten

  • 1 kg Vollkornweessmiel
  • 7 Eeër
  • E bësse Salz
  • Mëllech (no Bedierfnes)
  • Speck (Wierfelen)
  • Rahm
  • Salz
  • Peffer
  • Frësch Péiterséileg

 

Zoubereedung

Kniddelen

  • Miel, Eeër a Salz an eng Schossel ginn.
  • No an no Mëllech derbäiginn.
  • Zu engem relativ déckflëssegen Deeg verréieren.
  • Waasser an engem groussen Dëppen kache loossen.
  • Salz an d’Waasser ginn.
  • Temperatur liicht reduzéieren (Waasser soll nach zéien, net spruddelen).
  • Läffel kuerz an d’waarmt Waasser tauchen.
  • Deeg läffelweis an d’Waasser ginn.
  • Kniddelen zéie loossen.
  • Wann se no uewen schwammen, sinn se fäerdeg.
  • Mat engem Schaumläffel eraushuelen.

 

Rahmzooss

  • Speck an enger Paann ausloossen.
  • De Rahm an d’Paann ginn.
  • Lues a bësse kächele loossen.
  • Mat Salz a Peffer ofschmaachen.

 

Servéieren

  • D’Rahmzooss iwwer d’Kniddelen schëdden, mat frëscher Péiterséileg verfeineren an direkt zerwéieren.

 

Servéier-Tipp

  • Klassesch mat Speck a Rahmzooss oder mat Äppelkompott.

< Zeréck