Rezepter
Traditionell Kniddelen
Traditionell „Kniddelen“ mat Vollkornweessmiel
- Fir ca. 4–6 Persounen
Zutaten
- 1 kg Vollkornweessmiel
- 7 Eeër
- E bësse Salz
- Mëllech (no Bedierfnes)
- Speck (Wierfelen)
- Rahm
- Salz
- Peffer
- Frësch Péiterséileg
Zoubereedung
Kniddelen
- Miel, Eeër a Salz an eng Schossel ginn.
- No an no Mëllech derbäiginn.
- Zu engem relativ déckflëssegen Deeg verréieren.
- Waasser an engem groussen Dëppen kache loossen.
- Salz an d’Waasser ginn.
- Temperatur liicht reduzéieren (Waasser soll nach zéien, net spruddelen).
- Läffel kuerz an d’waarmt Waasser tauchen.
- Deeg läffelweis an d’Waasser ginn.
- Kniddelen zéie loossen.
- Wann se no uewen schwammen, sinn se fäerdeg.
- Mat engem Schaumläffel eraushuelen.
Rahmzooss
- Speck an enger Paann ausloossen.
- De Rahm an d’Paann ginn.
- Lues a bësse kächele loossen.
- Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
Servéieren
- D’Rahmzooss iwwer d’Kniddelen schëdden, mat frëscher Péiterséileg verfeineren an direkt zerwéieren.
Servéier-Tipp
- Klassesch mat Speck a Rahmzooss oder mat Äppelkompott.



